Är Equipe 2011
Är Equipe 2011: Claire Geier-Courquin
Är Equipe 2011: Claire GEIER-COURQUIN
Ingénieur docteur INPL

D’Claire Geier-Courquin ass zu Nanzeg gebuer. D’Famill Geier-Courquin wunnt zënter 1997 an eiser Gemeng. Doheem gëtt Däitsch a Franséisch geschwat; déi 5 Kanner ginn hei an d’Schoul oder sinn elo am Lycée. Si hunn natierlech Lëtzebuergesch geléiert.

Claire Geier-Courquin ass aktiv an der Friemekommissioun, zënter déi hei an der Gemeng besteet. Hir Iwwerzeegung: d’Liewen gëtt positiv beaflosst, wann déi net-lëtzebuerger Leit a Kanner besser an d’Liewen a Schaffen vun enger Gemeng abezu ginn. Claire Geier ass Member an der Schoulkommissioun an ass Elterevertrieder beim Schoulcomité. An datt Claire Geier Lëtzebuergesch schwätzt, mécht natierlech villes méi einfach.

Claire Geier-Courquin ass aktiv an der Chorale Sainte-Cécile. De Kannertheater «Kolibri  & Co», deen deene jonken Acteuren an hirem Public esou vill Freed mécht, wär ouni hir Initiativ net entstanen.
Är Equipe 2011- Briddel / Koplescht © 2011 KLwebdesign.com • 11.10.2011