Är Equipe 2011: David BRAUSCH
Student (droit)
Den David Brausch war um Briddel an der Schoul. Säi Lycée huet hien um Lampertsbierg am LGL op der Sectioun „sciences“ gemaacht. Duerno huet en ugefaangen Droit op der Uni Lëtzebuerg ze studéieren, wou en elo am 4. Joer vu 5 ass.
Fir den David war et eng gutt Saach, datt et hei an der Gemeng eng Museksschoul gëtt. En huet do Klarinett geléiert. En etlech Joren huet hien, grad esou wéi säi Papp a säi Brudder, an der Kopleschter Musek gespillt.
Den David Brausch ass Kandidat fir de Gemengerot well hie sech dofir interesséiert, wéi eng Gemeng funktionéiert. Fir hien ass et wichteg, datt d’Jugend dobäi net vergiess gëtt. Hie mengt och, d’Kandidate vun Är Equipe kënnten am beschten deene jonke Leit aus der Gemeng nolauschteren an hir Virschléi eescht huelen.
An als Jurist hofft hien, gutt matschaffen ze kënnen.
|