Är Equipe 2011
Är Equipe 2011: Maria Scheppach
Är Equipe 2011: Maria SCHEPPACH
Affekot
D’Maria Scheppach kënnt aus Bayern. Si wunnt zënter 1998 um Briddel an huet 2 Kanner, déi an eiser Gemeng an d’Schoul gaange sinn. D’Juristin Dr. Maria Scheppach huet sech viru kuerzem als Affekot um Barreau zu Lëtzebuerg ageschriwwen.

D’Maria Scheppach huet sech scho laang fir d’Liewen an der Gemeng engagéiert. Si ass Member vun der Kulturkommissioun a vun der Finanzkommissioun an ass Elterevertriederin beim offizielle Schoulcomité. Am Verwaltungsrot vun der „Crèche Botterblum“ mécht Maria Scheppach zënter laange Joren d’Sekretariat.

Maria Scheppach interesséiert sech fir d‘Geschicht vun eiser Gemeng. Si huet d’Charge vun der Sekretärin an der Associatioun „Koplescht Fréier an Hott“ an e gudden Deel Redaktiounsaarbecht vum Bulletin iwwerholl. E Virdeel dobäi ass, datt Maria Scheppach ewell gutt Lëtzebuergesch schwätzt.
Är Equipe 2011- Briddel / Koplescht © 2011 KLwebdesign.com • 11.10.2011