Är Equipe 2011
Är Equipe 2011: Patrick Oé
Är Equipe 2011: Patrick OE
Privatbeamten am Bankesektor

De Patrick Oé wunnt zënter 2000 an der Gemeng, ass bestuet an huet zwee Kanner.

De Patrick Oé ass Bankfachmann, a wéi hie sech an der Gemeng engagéiert huet, war hie wëllkomm an der Finanzkommissioun, wou hie seng Kenntnisser a seng Virstellunge konnt abréngen. A senger Heemechtsgemeng Stroossen war hie virdrun och schonn a Kommissiounen an a verschiddene Sportveräiner täteg.

Hien ass der Meenung, datt och méi kleng politesch Institutiounen, esou wéi eis Gemeng eng ass, an engem „globaliséierten“ Europa vun ëmmer méi grousser Bedeitung sinn: nëmmen esou ka garantéiert ginn, datt de Mënsch als Bierger net vergiess gëtt. 

Op Gemengeplang ass et fir de Parick Oé wichteg, datt d’Gemeng de Bierger e gudde Service liwwere kann an datt d’Bierger doriwwer eraus optimal op d’Gemengeninfrastrukturen (adäquat Manifestatiounssäll a.s.w.) kënnen zréckgräifen. Dofir läit him um Häerz, datt d‘Gemeng déi néideg Infrastrukture kann ubidden, al Weeër a Pied an der Gemeng verbessert ginn, esou wéi Vëlospiste bis an d’Nopeschgemenge realiséiert ginn.

Oder méi allgemeng gesot: an eiser Gemeng fir eng héich Liewensqualitéit ze suergen.
Är Equipe 2011- Briddel / Koplescht © 2011 KLwebdesign.com • 11.10.2011