Är Equipe 2011: Patrick THILL
Ingénieur industriel CREOS (ex-CEGEDEL)
De Patrick Thill ass vum Briddel. Hien huet dräi Kanner, vun denen nach eent an der Gemeng an d’Schoul geet. Säi Beruff bréngt et mat sech, datt hien eis a villen technesche Problemer berode kann.
Hie war laang Joren an der Verkéierskommission a bis 2009 an der Schoulkommissioun. Hie vertrëtt elo, mam Claire Geyer-Courquin a mam Maria Scheppach, d’Eltere beim Schoulcomité.
De Patrick Thill huet schonn als Bouf geléiert, wéi wichteg et ass, sech fir d’Gemengepolitik anzesetzen: säi Papp huet vun Ufank un an Är Equipe matgeschafft a war e puer Joer laang Member vum Gemengerot.
De Patrick Thill kennt d’Entwécklung vun eisen zwou Uertschafte ganz genee. Fir d’Schlussphas vum neie Bebauungsplang si säi Wëssen a seng Verbonnenheet mat deenen zwou Uertschafte fir eis wichteg.
|