 |
Är Equipe 2011: René BUCHETTE
Eisebunner (an der Pensioun)
De René Buchette ass bestuet an huet zwee erwuesse Kanner. Hien ass staark um Foussball interesséiert. Hien huet bal 40 Joer selwer gespillt a war 22 Joer laang, bis viru kuerzem, Arbitter.
Zënter 7 Joer ass hie President vum lokale Foussballclub FC Kopstal 33 a probéiert, eis Jugend fir den aktive Sport z‘interesséieren. Hien ass scho laang un der Gemengepolitik interesséiert. Zënter 2000 ass hie Member vun der Sportkommissioun. Hie war et, dee beim Schäfferot drop bestanen huet, d’Foussballslokal, d’Duschen an d’Toiletten erëm an d’Rei ze bréngen. Mä méi wichteg: et war seng Iddi, zu Koplescht de syntheteschen Trainingsterrain z’installéieren, an hien huet dofir gesuergt, datt de Foussballclub an déi net organiséiert Jugendlech sech konnten eens ginn, fir den neien Terrain zesummen ze notzen.
De René Buchette ass am richtege Sënn vum Wuert „e Mann vum Terrain“, dee mat zwee Féiss um Buedem steet an net iwwer d’Noutwennegkeet vum Sport laang diskutéiert, mä dee seng Iddien a Virstellunge weess an d’Praxis ëmzesetzen.
|