 |
Är Equipe 2011: Romain ADAM
Buergermeeschter
De Romain Adam ass Affekot. Hien ass bestuet an huet zwee Kanner. 1999 gouf hien direkt mat engem schéine perséinleche Resultat an de Gemengerot gewielt. 2005 gouf hie Schäffen, verantwortlech fir d’Finanzen. Hie war de President vun der Finanzkommissioun. Seng Kenntnisser am Droit ware méi wéi eng Kéier wichteg fir d’Gemeng. Am Januar 2010 huet hien de Guy Linster als Buergermeeschter ofgeléist.
De Romain Adam huet sech an all deene Jore vill ëm d’Entwécklung vun der Gemeng gekëmmert a bréngt déi néideg Erfahrung mat, fir eis zwou Uertschafte weider ze bréngen. Hien ass de Garant fir Kontinuitéit, mä versteet et och, nei Iddien opzegräifen an op déi grouss kommunalpolitesch Froen am Dialog mat de Leit Äntwerten ze sichen an ze fannen.
|